Kultur a Geschicht aus der Regioun Kreativ Ateliere fir Kanner Musée folklorique et viticole Folklore- & Weinmuseum Folklore & Wine Museum Wäistuff Bech-Kleinmacher Grand-Duché de Luxembourg Programm 2017/18
Musée folklorique et viticole Folklore- & Weinmuseum Folklore & Wine Museum De Musée «A Possen» bidd kreativ Ateliere fir Kanner déi un der Kultur an der Geschicht aus der Regioun interesséiert sinn. Mir bidden Wochen- an Themenatelieren souwéi individuell Offeren fir Schoulklassen un. Och e Kannergebuertsdag kann mat de Frënn am Musée gefeiert ginn. Méi Informatiounen kritt Dir um Telefon: 23 69 73 53 Sinn Allergien bekannt? Denkt w.e.g. drunn eis dëst bei all Kanneratelier matzedeelen! Ufroen a Reservatiounen op: info@musee-possen.lu
Hierschtatelier An engem flotten Nomëtteg dréint sech bei eis alles em den Hierscht 07.10.2017 Käschten: 20 e
28.10.2017 Käschten: 20 e Halloweenatelier Mir bastelen grujeleg Dekoratioun a baken
Adventsatelier 25.11.2017 Käschten: 20 e Aus einfachem Material gëtt en Adventskalenner gebastelt
Chrëschtatelier Mir baken zesummen a bastele flott Chrëschtdagsdekoratioun 16.12.2017 Käschten: 20 e
Am Fréijorsatelier stinn bei eis d Farwen am Mëttelpunkt 17.03.2018 Käschten: 20 e Fréijorsatelier
Ouschteratelier Eeër, Huesen an Inten 3.-6.04.2018 Käschten: 70 e
12.05.2018 Käschten: 20 e Fir d Päischten sti bei eis Blummen um Programm Päischtatelier Bitzatelier 16.06.2018 Käschten: 20 e Mir bitzen an dekoréieren eis e Këssen
07.07.2018 Käschten: 20 e An all Kand stécht e klenge Kënschtler Summeratelier Et geet em Faarwen an Molen
Summerakademie Summerakademie I vum 31. Juli bis 3. August 2018 vun 14.00 bis 17.00 Auer Käschten: 20 /Dag oder 70 /4 Deeg Summerakademie II vum 04. bis 07. September 2018 vun 14.00 bis 17.00 Auer Käschten: 20 /Dag oder 70 /4 Deeg Erlief all Dag eng aner Aktivitéit am Musée. Mir bastele, baken spillen a ginn op Entdeckungsrees. Detailléierte Programm op Ufro. Schoulklassen Fir Schoulklassen kennen dat ganz Joer iwwer Atelieren an Visite guidéen organiséiert ginn. Eis Ateliere riichten sech u Kanner vu 6-12 Joer. (3-6 Joer op Ufro). Atelierspräis pro Kand 8 (+ evt. Materialkäschten) Dauer vun engem Atelier: 1 Stonn Dauer vun enger Visite guidée: 1 Stonn (50e pro Guide) D Entrée vum Musée ass fir d Kanner an d Begleetpersounen gratis. Maximal 20 Kanner pro Grupp. Sinn Allergien bekannt? Denkt w.e.g. drunn eis dëst bei all Kanneratelier matzedeelen!
Fir Schoulklassen stinn zur Auswiel: Liewen wéi virun 100 Joer Fotoatelier A Gezäi vu fréier ginn d Kanner fotograféiert. Si bastelen déi passend Fotorumm. Spillen wéi fréier Mir weisen wéi Bomi a Bopi fréier gespillt hunn. Petzi-Atelier Wou kennt hien hir? Mit bitzen e Petzi a ginn esou munches iwwer séng Geschicht gewuer. Spillsaachen vun fréier Aus einfachen Materialien ginn Spillsaachen gebastelt. D Atelieren kann en zu all Joreszäit buchen. D Léierpersonal gëtt mat abezunn. En Iessen an eiser Wäistuff kann och organiséiert ginn. Frot elo Är Offer un op info@musee-possen.lu oder um 23 69 73 53
Kannergebuertsdag am Possenhaus Mir organiséieren individuell Animatiounen fir Äre Kannergebuertsdag (max. 20 Kanner) Dauer insgesamt 2 Stonnen = 1,5 St. Animatioun + 30 Min. fir Kuch a Kaddoen. D Kannergebuertsdeeg sinn zu all Moment buchbar an kënnen individuell ugepasst ginn. D Entrée vum Musée ass fir d Kanner an d Elteren gratis. Eis Formullen: Simpel Formule (ouni Kuch a Gedrénks): manner wéi 10 Kanner: 100 e méi wéi 10 Kanner: 200 e All in Formule (mat Gebuertsdagskuch, Jus a Waasser): manner wéi 10 Kanner: 150 e méi wéi 10 Kanner: 250 e Sinn Allergien bekannt? Denkt w.e.g. drunn eis dëst bei all Kanneratelier matzedeelen!
Hei ass alles méiglech! Eis Animatiounen Schatzsuche Mir maachen eng «Rallye» duerch de ganze Musée wou et vill Rätselen ze léisen ginn. Dobäi ginn och munch Anekdoten vum Musée erzielt. Op et eis geléngt de Schatz ze fannen? Bitzatelier Bitzen, filzen, fëllen an dékoréiren. Et gi verschidden Techniken gewise wéi een schéin Saache mat Stoff bastele kann. Bastelatelier Aus einfache Materialien gi Spillsaache gebastelt.
Musée folklorique et viticole Folklore- & Weinmuseum Folklore & Wine Museum Wäistuff Bech-Kleinmacher Grand-Duché de Luxembourg Mir freeën eis op Äre Besuch!
Musée folklorique et viticole Folklore- & Weinmuseum Folklore & Wine Museum Wäistuff Musée A Possen 2, Keeseschgässel L-5405 Bech-Kleinmacher Telefon (+352) 23 69 73 53 info@musee-possen.lu www.musee-possen.lu Ouvert / Geöffnet / Open: 11:00-18:00 Pâques - 31 octobre: tous les jours sauf lundi Ostern - 31. Oktober: täglich außer Montags Easter - 31 october: daily except monday 3. novembre - Pâques: vendredi-samedi-dimanche 3. November - Ostern: Freitag-Samstag-Sonntag 3. november - Easter: friday - saturday - sunday Fermé janvier-février Januar-Februar geschlossen closed january-february